back

Moien

Mein Numm as Liette, an ech sin an der LASH zu Letzebuerg. LASH as eng Letzebuergesch Angschtstéierungen Hellef an Selbsthellef. Ech sin hei am Land op d`Welt komm an wunnen an engem klengen Duerf, Schandel, bal am Norden vum Land. Ech sin Mamm vun drei erwuessenen Kanner, déi mech ganz gär hun. Ech hun och zwee Enkelkanner.

      Ech hun vill ellen Joeren hannert mär. Ech war gefaangen an menger Angscht an Panik. Verzweifelt hun ech en Auswee aus mengem Prisong gesicht. Fond hun ech hien awer eréischt no 20 Joer an wéi ech mech zu menger Medikamentensucht bekannt hun. An wéi ech mech wollt vun menger Sucht befreihen, vun denen Medikamenter déi mech meng Angscht erdrohen geloos hun.

       Wéi ech net méi aus nach an wosst hun ech mech an eng psychosomatesch Klinik hei vier an der Eifel iwwerweisen geloos. Do hun ech en béisen Medikamentenentzuch matgemach an duerno mat Hellef vun Valium geléiert mat menger Angscht emzegoen. Daat war keng einfach Saach awer ech hun et gepackt, no laangen 4 Méint hun se mech dun aus menger Kéisklack do entloos.

         Dun stung ech do, ouni meng Kretsch an ouni Neischt, haat just eng Telefonsnummer an der Täsch. Awer déi war fir mech goldwert, an huet mär ganz vill bruecht. Et war Telefonsnummer vun der LASH. Do hun ech Leit kennen geléiert déi den selweschten Problem haaten wéi ech, ech hun mech net méi wéi en Verrecktenen gefillt, well do waren Leit déi haaten jo och daat an mat hinnen konnt ech mech austauschen déi hun mech och verstaan.

          Ech hun mech esou gut do gespuert dass ech elo schon am 3ten Joer bei hinnen sin obschon ech se net méi brauch. Well haut kréien ech keng Panikattacken méi, huelen guer keng Medikamenter méi, an déi kierperlech Informatiounen vun menger Séil, déi mech fréier krank gemaach hun, sin haut nemmen méi eng Botschaft fir mech, dass ech erem soll mat mengen Féiss op den Buedem: daat heescht „Maach elo lues, kuck emol erem eng Kéier no där, an rou dech emol erem en besschen aus, well du muss am Liewen net alles können.“ Ech hun geléiert Sprooch vun menger Angscht ze verstoen, mat denen Gefiller emzegoen an domat ze liewen.

          Dofir bleiwen ech och bei der LASH, hun den Infotelefon iwwerholl, leeden eng Grupp, an machen alles fir denen Leit ze hellefen, hinnen mein Wessen matzedeelen.

         Et  mecht mär eng ganz grouss Freed hinnen aus hierem Tief eraus ze hellefen, an mech mat hinnen auszetauschen, well ech hun och ganz vill mat mussen machen fir elo dohiner ze kommen wou ech sin. Liewen as dach esou schéin ouni Angscht Panik Zwang an denen béisen Phobien déi Leit esou erof zéien.

 

          Ech soen der LASH vu Härzen Merci dass sie do war wéi ech sie gebraucht hun.

©Liette
(voller Name dem Administrator des Forums bekannt)

back