Angscht as ee wichtegt, natierlecht Alarmsignal an as eigentlech ee ganzt normalt Gefill.
Angscht gehéiert zum Liewe wéi Freed, Léift, Trauer, Roserei, asw.
Angscht schützt ons, Angscht warnt ons a léist ons eventuell Gefore besser a méi schnell gesinn.
Angscht wëllt ons eigentlech näischt anescht soen, wéi dass eppes net an der Rei as, dass een aus sengem séileschen oder kierperleche Gläichgewiecht eraus geroden as.

Eng Angscht-Stéierung fänkt do un, wou dat Gefill vun der Angscht dat jidderee kennt an dat eng sënnvoll Schutzreaktioun op reell Geforen as, sech verselbstännegt an d'Behuelen an den Alldag vun enger Persoun bestëmmt a behënnert. Problemer gëtt et wann d'Angscht net méi un d'Situatioun ugepasst as, wann also aus der Angscht déi soll "schützen" eng Angscht gëtt déi "behënnert".

Angschtstéierungen ginn a verschidde Kategorien agedeelt, déi hapt Angschtstéierungen sinn déi hei:

spezifesch Phobie

et handelt sech hei em eng intensiv Angscht viru bestëmmte Saachen oder Situatiounen, wéi z. B. Angscht virun Déieren, virun der Däischtert, virun der Héicht,...

Agoraphobie

hei huet de Mënsch Angscht z. B. viru bestëmmte Platzen, fir iwwer eng grouss Platz ze goen, virun all Platz wou hien d'Gefill huet am Noutfall net séier genuch kenne fort ze kommen, keng Hëllef do wär oder hien an eng penibel Situatioun kéint kommen. Am schlëmmste Fall geet d'Agoraphobie esou weit dass dee Betraffenen net méi ka vun sengem Doheem fortgoe

soziale Phobie

hei entwéckelt de Mënsch eng grouss Angscht a Situatioune wou hien a Kontakt mat anere Mënsch kennt, wou hie sech beobacht fill, wou hie sech kontrolléiert oder bewäert fillt, z. B. wann hie soll virun anere schwätzen, wann hien iergendwou am Mëttelpunkt steet, wann hien a Gesellschaft soll iessen,...

Panikstéierung

eng Panikstéierung erkennt duerch doduerch, dass de Mënsch op eemol onerwaart extrem staark Angschtufäll oder Angschtattacke kritt fir déi et keen eendeitegen Ausléiser gëtt a wou hie mengt ze stierwen oder geckeg ze ginn. Dës Attacke kennen iwwerall an zu all Moment optrieden

generaliséiert Angscht

de Mënsch mecht sech andauernd iwwerdriwwen, onrealistesch Suergen iwwer alles wat säi Liewen a säin Ëmfeld betrëfft.

Zwangsstörung

Mënschen déi ënnert enger Zwangsstéierung leiden ginn ëmmer erëm vun Handlungen an/oder Gedanke gequält déi a vill Liewensberäicher agreifen. Des Handlungen an /oder Gedanken huelen vill Zäit an, oft si si mat kierperleche Beschwerde verbonn.

Et schwätzt ee vun enger Zwangsstéierung wann dës Handlungen an/oder Gedanken esou iwwerhand huelen, dass deen normalen Alldag gestéiert as a nëmmen nach mat vill Méi ka bewältegt ginn. Zwäng trieden och oft a Verbindung mat Phobien, Angscht oder Panikattacken op

Symptomer

Déi meescht Leit kennen d'Symptomer déi mir an onsen Kierper spieren wa mir Angscht hunn. Mir schwätzen dann vun engem mulmege Gefill am Mo, Zidderen um ganze Kierpen, wackeleg Knéien, Stëmm verseet, mir hunn Drock op der Broscht, onst Häerz klappt, mir spieren ee Kribbelen an Ärem a Been,...

Dat alles sinn normal Reaktioune vun onsem Kierper wa mir Angscht hunn. Leit déi un enger Angschtstéierung leide spieren dës Symptomer awer esou extrem staark, dass si ënnert där Angscht leiden, dass si d'Gefill hu schwach ze falen, de Verstand ze verléieren oder esouguer ze stierwen.

Dës intensiv Angscht steet a kenger Relatioun mat der Situatioun a si kann och net duerch rationell Erklärungen oder duerch Wëlle kontrolléiert ginn. D'Suite dovun as dass den Angschtbetraffene bestëmmte Situatiounen ëmmer méi oft meid, hien ëmmer méi ageschränkt gëtt bis hie sech schliesslech ëmmer méi zeréck zitt a vu Famill oder Frënn ofhängeg gëtt.

 

Fir vill Betraffener as et onméiglech vun doheem fort ze goen, si kënne net méi Bus, Zuch oder Auto fueren, si kennen net méi akafe goen oder aner Leit begéinen.

 

Egal wat si man, d'Angscht as wéi ee Schied ëmmer bei hinnen.