Wee si mir?
De Grupp L.A.S.H asbl as eng Selbsthëlleforganisatioun fir Frauen a Männer aus allen Gesellschaftsschichten, déi u krankhaften an irrationalen Ängschte leiden. Déi Betraffen treffen sech regelmässeg fir sech mat hiren Ängscht, Panikattacken, Phobien an/oderr Zwäng, ..... auserneen zu sëtzen an esou an Eegeverantwortung eppes dogéint ze man.
Déi eegen Erfahrungen mat anderen aus ze tauschen, gëtt Kraaft an Hoffnung, gëtt neien Halt, Vertrauen a Sëcherheet an hëlleft déi sozial Isolation ofzebauen. Sech géigesäiteg Ënnerstëtzen a Begleeden erméigdlecht et Probleme éierlech zu erkennen, offen driwwer ze schwätzen fir dann zesummen mat vill Courage an Eegeninitiativ, Verantwortung fir sech a seng Krankheet un ze huelen an sech op ze man fir nei Wëer.
De Grupp L.A.S.H. asbl gesäit sech nët als Konkurrenz zu de Professionellen. Och kann Deelhuelen un den Treffen an enger Grupp niemols eng Therapie ersëtzten. Mir gesinn ons als eng Ergänzung.
Mir bidden un:
- all Woch Gruppentreffen am Zentrum an am Süden
- Informatioun - Erfahrungsaustausch - Verständnis -
Konfrontationsübungen, z.B. Restaurant, Kino, Busfueren,...
- Entspaanungsübungen, ...
Ons Zieler:
- Opklärung iwwer d'Angschtkrankheet an hir Behandlungsméiglechkeeten
- Bewosstmache vu Suchtgeforen (Alkohol, Medikamenter,...)
- Erfahrungsaustausch mat Betraffenen
- géigesäiteg Ënnerstëtzen beim ausprobéieren vu neier Wëer
- léieren d'Angschtstéierung un ze huelen a sëlwer eppes dogéint ze man fir besser kënnen domat em ze goen