E puer wichteg Remarquen:
Mir weisen drop hin, dass d'Informatiounen déi Dir op onse Säite fannt, eng Berodung oder eng Diagnos duerch ee Professionelle wéi een Dokter, Psychiater, Psycholog oder soss enger professioneller Berodungsstell op kee Fall kann ersetzen.
All Artikele si reng informativ.
De Grupp L.A.S.H. asbl geseit sech net als Konkurrenz fir Professionell.
D' L.A.S.H. asbl - Team
All Mataarbechter vum L.A.S.H.-Team schaffe fir de Grupp als Bénévole niewent hirer normaler Aarbecht. Mir bieden Iech dofir em Versteesdemech wa villäicht net direkt een op engem vun onsen Info-Telefonen ze erreeche wär an de Répondeur geet oder wa mir ons net géingen nach dee selwechten Dag wou Dir ons kontaktéiert hutt, bei Iech mellen.
Déi verlinkte Seiten
L.A.S.H. asbl as nët verantwortlech fir den Inhalt vun de verlinkte Säiten.
De Forum, d'Gäschtbuch, Zitater an d'Bicherlëscht
Am Forum, im Gäschtbuch an op der Säit vun den Zitater gëllen d'Regelen vun Netiquette, dozou gehéiert ënnert anerem z. B.:
De Moderator hellt sech d'Recht all Beiträg ze läschen an all Memberen ze spären déi z. B.
• géint Gesetzer verstoussen (zB diskriminéieren, rassistesch Bäiträg, Verstéiss géint d'Mënschenrechter an de Persounenschutz, ... usw. grad wéi Bäiträg déi op op entspriechend Material op anere Platzen hiweisen. Net erwënscht sinn och Linken op Säiten déi näischt mam Thema ze doen hunn a reng kommerziell Säiten
• déi offensichtlech op Provokatioun aus sinn
• déi näischt mam Thema ze doen hunn
Den Info-Chat
Den Info-Chat as als rengen Informatiouns-Chat geduecht, den Austausch am Chat ersetzt op kee Fall eng Berodung, eng Diagnos oder eng Therapie duerch ee Professionellen. Och kann en net d'Participatioun an enger Sëlbsthëllefgrupp ersetzen.
Och am Info-Chat gëllen d'Regele vun der Netiquette.
L.A.S.H. asbl
B. P. 17 - L-3205 Leudelange
lashasbl(at)pt.lu