Diagnos
Angschtbetraffener hunn oft eng jorelaang Odyssee vun Dokter zu Dokter hannert sech. Entweder ginn hir kierperlech Kloe vun den Dokteren net als Angschtstéierung erkannt, oder d'Angschtbetraffener sëlwer kennen oder wëllen net akzeptéieren dass dee ganze Komplex vu Symptomer déi si spieren eng Angschtstéierung as.
Well Diagnos Angschtstéierung oft eréischt no endlose Behandlungsversich, ouni Resultat, gestallt gëtt, gëtt des Stéierung fir een Deel vun de Betraffene chronesch.
Vill Angschtbetraffener mengen hir Symptomer hätten eng organesch Ursaach an dofir gi si bei den Dokter. No enger grëndlecher medezinescher Ënnersichung, kann awer an deenen allermeeschte Fäll eng organesch Ursaach ausgeschloss ginn.
Op alle Fall soll ee vun engem Dokter d'Funktioun vum Häerz nokucke loossen, grad esou wéi d'Funktioun vun der Schilddrüs, fir eng organesch Krankheet aus ze schléissen.
An engem nächste Schrëtt as dann eng Berodung bei engem Psychiater oder Psycholog ubruecht fir mat him d'Indikatioun vun enger Psychotherapie ze klären.
Behandlung
Esou verschidden d'Ursaache vun enger Angschstéierung sinn (een traumatescht Erliefnis, een Accident, Erliefnisser am Alldag, iwwer Jore materliewten Angscht bei engem aneren,...), esou verschidde sinn och Therapieméiglechkeeten.
Eng Behandlung mat Medikamenter kann am Fall vun enger Angschtstéierung sécher hëllefen, besonnesch am Ufank fir aus deem éischten Déif eraus ze kommen a sech senger Angscht kennen ze stellen.
Op alle Fall soll eng Behandlung mat Medikamenter ëmmer parallel zu enger Psychotherapie sinn. Medikamenter wierken op d'Symptomer an eng Therapie wierkt op d'Ursaach an d'Veraarbechte vun de Symptomer an op den Ëmgang mat der Angschtstéierung