Muss ech mech umellen oder kann ech einfach esou an eng Grupp goen?
Ee Gespréich am viraus as wichteg
- esou kennen hei schonn éischt Froe beäntwert ginn
- ech kann déi Leit vum L.A.S.H.-Team mäi Problem erklären, si fannen dann déi richteg Grupp fir mech
- ech kréien Informatiounen déi mir hëllefen mech op déi éischte Kéier an der Grupp vir ze bereeden
- et as wichteg dass de Gruppenleeder Bescheed weess wann een nei an de Grupp kennt, sou kann d'Thema vum Owend un dee neie Member ugepasst ginn
Wéini kann ech an eng Grupp goen?
Wa nëmme méiglech ginn déi interesséiert Leit direkt an de Grupp opgeholl. Mir beméien ons awer fir d'Zuel vun de Leit an engem Grupp iwwersiichtlech ze haalen, dofir kéint et mol virkommen dass mir eng Waardelëscht missen opstellen
Wou soll ech mech umellen?
- iwwer den Info-Telefon (52 45 90 - 59 45 90)
- per E-Mail (lashasbl-at-pt.lu)
- iwwer de Kontaktformular
Et hiewt keen den Telefon op
Déi Leit vum L.A.S.H.-Team déi ee vun den Info-Telefonen betreien, man dat als Bénévole niewent hirer normaler Aarbecht. Mir bieden Iech em Versteesdemech, wa villäicht net direkt een den Telefon géing ophiewen. Dir hutt an deem Fall d'Méiglechkeet Äre Numm an Är Telefonsnummer ze hannerloossen a mir mellen ons dann esou séier wéi méiglech bei Iech.